top of page

14/08/2017

14:00 Uhr

Muppewanderung zu Bartréng

Densdes de 15. August organiséieren mir dei nächst Muppewanderung, des Kéier zu Bartreng.
Den Treffpunkt ass op engem klenge Parking am Besch. Wann een lanscht d'Concorde fiert, hellt een am Rond-point dei 3. Sortie Richtung CR163. Hei d'Koordinaten vum Treffpunkt: 49.5917 6.0584
Den Tour huet 7 km a geet duerch de Besch.
Dir kënnt ierch hei um Facebook oder bei mir (Jil Roderes) umellen.
Mir freen eis op ierch an är Muppen :)

18/08/2017

10:00 Uhr

Agilityturnéier zu Gilsduerf

25/08/2017

10:00 Uhr

Foto-Aktioun zu Mondorf

Den 26. August ab 10 Auer ass e flotten Fotosdaag zesummen mam Jil Roderes (http://www.jil-roderes-fotografie.de/) zu Mondorf am Park geplangt. De ganzen Dag iwwer kënnt dir lanschtkommen an et ginn flott Fotoen vun ärem Mupp gemeet.

Een Shooting dauert ca 30 Minuten. Dir kritt 10 bearbecht Fotoen als Download (Webversioun mat Logo an Druckversioun ouni Logo) an Druck (Format 10 x 15 cm). Nom Shooting kitt jiddfereen seng perséinlech Galerie wou een seng Fotoen auswielen kann. Dat ganzt kascht 50€. Weider Fotoen kann een zum Präis vu 4€ pro Bild kafen. Den Erléis gett natierlech gespend. 

Fir d'Organisatioun ze vereinfachen, mellt ierch w.e.g. un wann dir deen Dag wëllt dobai sinn. Umellen kënnt dir ierch beim Jil Roderes per Facebook oder mail (jil.roderes@gmail.com). D'Umellungen gëllen eréicht nodeems d'Suen iwwerwise gi sinn.

Ofmellen muss een sech 24h am Viraus. Jiddfereen geet op seng eegen Verantwortung mat. De Patt virun Patt iwwerhëllt keng Verantwortung.

Fir weider Infos oder Umellungen kontaktéiert d'Jil Roderes (jil.roderes@gmail.com oder +352 691 74 77 85).

Please reload

© 2023 by Name of Site. Proudly created with Wix.com

  • Facebook App Icon
  • Twitter App Icon
  • Google+ App Icon
bottom of page