top of page

Muppentreff a.s.b.l

* gegrënnt den 14. Mäi 2014

* d‘ Iddi eng A.s.b.l ze grënnen ass duerch eng Facebook-Säit entstan

* eist Ziel ass et den Déieren an Nout ze hëllefen, sief et an 

Lëtzebuerg oder an der Grenzregioun

* an eisem Shop Patt fir Patt verkafen mir selwer gemaachen Produiten 

wou den Erléis gespent gëtt

* an dem éischte Joer konnte mer iwwert 10.000 Euro spenden

* am Oktober 2015 ass eng nei Grupp dobäikomm, déi Wanderungen 

fir Mënsch an Hond ubitt

* bei eis kréien net nëmmen Hond, Katz & Co gehollef, 

eis leien och déi wëll Déieren um Häerz

Patt fir Patt

De Shop op Facebook.

Do fannt Dir:

 

* op Mooss gemaachen Halsbänner a Léngten aus Paracord

* personaliséiert Schlësselsunhänger

* selwergemaachten Muppenkichelcher 

* Spillsaachen

* Schnoffelfatzen

* Leckerlie-Beutel an Impfpasshüllen

* personaliséiert Luuchten

* Streck-an Häkelsaachen

* selwergemaachten Dekoartikel fir d‘ganzt Joer iwwer 

an besonnesch fir Chrëschtdag

* Bracelets, Reng a Ketten

* Gebeess 

* selwergemaachten Duftkärzen a Badesalz

... a villes méi ...

Patt virun Patt

 

Patt virun Patt ass eng nei dynamesch Grupp.

Den Tom Paternoster an Marc Schmit organiséieren Fräizäitaktivitéiten an geféiert Wanderung fir all Mupp a Mënsch. 

Sidd Dir interesséiert mat ären Véierbeener, Frënn, der Famille an aner Muppefrënn 

flott Aktivitéiten an der Natur ze ënnerhuelen?

Dann sidd Dir bei eis richteg.

Um Programm stinn net nëmmen normal Wanderungen, 

mee och Thémenwanderungen wei z.B. 

* Nuetswanderungen, 

* Kulturelwanderungen, 

* Geocaching

* Rally

* Éischt Hëllef-Cours fir Muppen

© 2023 by Name of Site. Proudly created with Wix.com

  • Facebook App Icon
  • Twitter App Icon
  • Google+ App Icon
bottom of page